De Veräin


Den 17. Mee 2008 war et esou wäit. Virum gemeinsamen Bowling Owend an der Fuussekaul mam LSK (Lëtzebuerger Studenten zu Kaiserslautern) hu mir zu e puer Ancienen den ALSK gegrënnt.
Den LSK selwer as virun 27 Joer den 27. Oktober 1981 duerch e puer fläisseg Luxien aus zwee ganz pragmateschen Grënn entstaanen: 1. D’Luxien waren net zu genuch fir um Futtballsturnéier vun der Uni mat enger 100% Lëtzebuerger Equipe ze spillen, 2. die nei LSK’ler haaten spatz kritt, dat een e Subside vum Staat demols konnt kréien, wann een Informatiounen an Servicer fir nei Letzebuerger Studenten offréiert huet. D’Idee fir eng Amicale ass während dem éischten a bis haut leschten groussen Treffen, dem LSK säin 25. Gebuertsdag, opkomm. Deemols virun 2 Joer um Betzeberg, den 16. an 17. November 2006 war, vun vill Begeeschterung ausgeléist, de Gedanken opkomm fir eng Soirée Académique net nëmmen all 25 Joer ze organiséieren. Die nei Associatioun sollt dofir och folgend Zieler hunn :
  • D’Studenten vun der TU Kaiserslautern, der FH Kaiserslautern an der Physiotherapieschule Kaiserslautern ze regroupéieren.
  • D’Frendschaften tescht hinnen ze stärken
  • Den LSK bei senger Aarbecht ze ënnerstëtzen
  • Regelmeisseg Treffen fier d‘ Acienen ze organiseieren
  • Zesummenspill tescht Ancienen an aktiven LSK’ler ze verbesseren
En anert Thema wat ëmmer erëm déi aktuell Membere, wéi och déi aal Membere beschäftegt ass den Archivage vun der ganzer LSK-Geschicht. D’Membere vum 25 Joer LSK hunn hei eng virbildlech Aarbecht geleescht an e groussen Deel vun de verfügbaren Informatiounen gesammelt an archivéiert. Des Datebank misst weider gefouert an à jour gehaale ginn. Fir den LSK vun desen Aarbechten ze entlaaschten an och am Gedanke fir en Netzwierk (ALUMNI) tëschent den Ancienen opzebauen hu mir zu e puer Leit den ALSK (Amicale vun de Letzebuerger Studenten zu Kaiserslautern) gegrënnt. Fir eng Memberskaart ze bestellen kennt dir e Virement vun 15 euro oder méi op den Kont vum ALSK maachen: Proprietär: ALSK asbl IBAN: LU95 0019 2755 6336 5000 BIC CODE: BCEELULL Als Communicatioun schreiwt w.e.g. "Memberskaart", d'Joer, den Numm an de Virnumm. Fir all weider Informatiounen steet den Comitee gäeren zur Verfügung ( Kontakt ). Den ALSK.