35 Joër Konveniat – Den Programm steet!!


No villen haarden Reuniounen an vill schweirer Aarbecht sinn mir stolz eisen Konveniat 35 Programm kënnen ze presenteiren :  

Freides, 1. Juli (fakultativ)

  • Treffen tëscht 21:00 - 22:00 am Café Witches (Stammcafé vum LSK) an der Steinstraße 26.
  • Leit vun ons wärten zu där Zäit présent sinn an dono geet et weider op Altstadtfest.
  • Falls ee méi spéit kënnt a wëll wessen wou d’Equipe drun ass, schéckt eng SMS un den Misch Thill oder Georges Schaaf : an sie soen Iech wou se dru sinn. (Maach eis einfach een Mail fir hir Nummer ). Mir probéieren ausserdeem hei op dëser Homepage oder an der ALSK Facebook Grupp regelméisseg eisen Standuert ze posten.

Samsdeg, 2. Juli (offiziellen Dag)

  • 11:00: Treffen op der Uni virun der Mensa mat engem klengen Rondgang fir eis Nostalgiker. Dëst ass fakultativ a keen Deel vum offiziellen Programm.
  • 13:30: Treffen op der Gare zu KL wou et mam Zuch (Abfahrt 13:50) Richtung Frankenstein geet.
  • 14:30: Réceptioun vum Präsident vun der Uni KL an uschléissend Sektempfang an der Villa Denis ( http://www.uni-kl.de/villa-denis/ ). Bei guddem Wierder ass den Sektempfang an der Burgruine Diemerstein iwwerhalb vun der Villa Denis.
  • ~16:30: zreck op d’Gare Frankenstein, wou mer den Zuch zréck Richtung KL huelen.
  • 17:45: Treffen um Betzenberg direkt an der Clublounge 100. Hei fannt dier eng Zufahrtsbeschreibung als pdf
  • 18:00: Visiten vum Stadion
  • 19:30: Apéro am Stadion
  • 20:30: Iessen ( Dresscode "Casual" : Paltong, keng Cravatte)
  • Ab 1:00: Fräizäit....

Sonndeg, 3. Juli (fakultiv)

  Een decken Merci geet och un eis Sponsoren dei dësen Konveniat matt ermeiglecht hunn! Hei nach zu gudder Lescht eemol den Menu fir Samsdech um Betzenberg: Vorspeisen: –          Schnittlauchbrot mit Fassbutter, Radieschen –          Wacholderschinken mit frischem Meerrettich –          Carpaccio vom Pfälzer Saumagen mit grobem Pfeffer und Lauchzwiebeln –          Geräucherte Forellen mit Preiselbeer-Sahne Salate: –          Bunter Feldsalat mit Kirschtomaten und Steinchampignons –          Gartengurkensalat in Dillrahmdressing –          Pfälzer Kartoffelsalat Suppe: –          Leichte Karottencremesuppe mit Kräuter-Croûtons Hauptgerichte: –          Kartoffelnockerln in Käsesauce und eingemachtem Kürbis (veg.) –          Filet vom Zander mit Kartoffel-Thymian Ragout und Rote Rüben-Salat –          Knuspriger Schweinsbraten mit Bier-Kümmelsauce, Rahmwirsing und zweierlei Knödel –          Kalbsrahmbraten mit Rosmarin gespickt, feine Butternudeln und Karottengemüse Desserts: –          Zweierlei Schokoladenmousse –          Apfelcrumble mit Vanillesauce –          Salat mit frischen Früchten   Gedrenks (Béier, roude & wäisse Wäin an Softdrinks sinn fräi)  

Leave a Reply