Treffen matt der FCK Gastronomie fir d’Konveniat ze organiséiren


Gëschter war et esou wéit. Nodeems ech wéinst Vollsperrung 3 Stonnen am Stau stoung an den Yves déi Zäit gemittlech akafen war, hunn mir géint 17:00 Auer den Här Kuiter vun der FCK Gastronomie op der Ebene 1900 getraff. Ziel war et déi lescht Detailer vum Conveniat ze klären. Fir déi Saach dann och richteg unzegoen an eis schonns e bëssen a Gebuertsdags-Feierstëmmung ze versetzen, hunn mir eis op een Karlsberg ageloos. Wou mir dem Här Kuiter bis erkläert haten, dass den Weekend och Altstadtfest wier an mir zu engem spéideren Zäitpunkt eventuell géifen weiderzéien, konnte een him am Gesicht eng gewëssen Erliichterung ofgesinn. Fir zu 120 Leit do kennen Party ze maachen ass absolut keen Problem. Nieft deenen kulturellen an kulinareschen Detailer sinn awer och leider esou sérieux Punkten ewéi “Betreten des Rasens” ugeschwat ginn. Den Greenkeeper ass do anscheinend e bëssen méi streng wat “net-footballerësch” Aktivitéiten ugeet ;). No engem uschléissenden intensiven Austausch iwwert Deville an 1st Bundesliga ass et dunn erëm heem gaangen. Dass um Betze och emol WM- an Champions League-Matcher gespillt goufen, wollt ons den jonken Här Konrad Kuiter awer net esou richteg gleewen. Fazit vun eisem Besuch: Déi Saach leeft, den Betze ass prett!


Hei nach fir déi ganz virwëlzeg an als kleng Amuse-Bouche den Menü deen mir fir den Buffet vum 2. Juli eraus gesicht hunn:

Vorspeisen:

-          Schnittlauchbrot mit Fassbutter, Radieschen

-          Wacholderschinken mit frischem Meerrettich

-          Carpaccio vom Pfälzer Saumagen mit grobem Pfeffer und Lauchzwiebeln

-          Geräucherte Forellen mit Preiselbeer-Sahne

Salate:

-          Bunter Feldsalat mit Kirschtomaten und Steinchampignons

-          Gartengurkensalat in Dillrahmdressing

-          Pfälzer Kartoffelsalat

Suppe:

-          Leichte Karottencrèmesuppe mit Kräuter-Croûtons

Hauptgerichte:

-          Kartoffelnockerln in Käsesauce und eingemachtem Kürbis (veg.)

-          Filet vom Zander mit Kartoffel-Thymian Ragout und Rote Rüben-Salat

-          Knuspriger Schweinsbraten mit Bier-Kümmelsauce, Rahmwirsing und zweierlei Knödel

-          Kalbsrahmbraten mit Rosmarin gespickt, feine Butternudeln und Karottengemüse

Desserts:

-          Zweierlei Schokoladenmousse

-          Apfelcrumble mit Vanillesauce

-          Salat mit frischen Früchten

Leave a Reply